"L’Histoire du Tango" ass net nëmmen den Titel vum nächsten ActArt-Concert, mee och vun enger Kompositioun vum Astor Piazzolla. E Mëttwoch, 22. Mee steet dëst Wierk am Stater Conservatorie op der Affiche, wann de Carlo Jans op der Flütt, d’Vania Lecuit op der Gei an d’Katrin Reifenrath um Piano op e breet gefächerten Tango-Owend invitéieren. Niewent dem Tango-Meeschter Piazzolla, steet och dem Nino Rota säin Trio am Mëttelpunkt. Deen ass vum Geescht hier staark mam Tango verwannt, wéi d’Katrin Reifenrat am Interview verréit.
Vum Bordell bis an de Concertssall
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges