Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
search

/ "Man ist dem Publikum sehr nah"

Klassik Aktuell

"Man ist dem Publikum sehr nah"

Ee Concert-apéritif mat Schumann a Bridge.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow
©Alfonso Salgueiro / Quell: Philharmonie Luxembourg

Ënnert dem Motto "Auf der gleichen Saite" presentéieren d'Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ee Concert-apéritif am Kammermusekssall an der Philharmonie.

Um Programm steet Kammermusek fir Piano a Sträicher vum Robert Schumann a Frank Bridge.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet d'Braatschistin vum Concert an och Solo-Braatschistin am Orchester vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Dagmar Ondracek, iwwert de Programm an de Kader geschwat. Si erzielt zousätzlech, wat fir si Concerten ausmaachen, wéini ee mierkt dass de Fonken iwwerspréngt a wéi ofwiesslungsräich d'Aarbecht als Solo-Braatschistin ass. Ugefaange mat der Fro, wéi Schumann a Bridge an engem Programm zesumme passen.

Lauschterenplay_arrow

Programm

Robert Schumann (1810-1856)

  • Märchenerzählungen op.132
  • Klavierquartett op.47

Frank Bridge (1879-1941)

  • Fantasie fir Piano Quartett H.94

Interpreten

Filippo Ricciardo Biuso, Klarinett

Nelly Guignard, Gei

Dagmar Ondracek, Braatsch

Vincent Gérin, Cello

Jessica Chan, Piano