Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ "Et ass mäi Séilemoment"

Désirée Nosbusch

"Et ass mäi Séilemoment"

D'Lëtzebuerger Schauspillerin, Regisseurin a Moderatrice Désirée Nosbusch huet déi grouss Gala vum OPUS KLASSIK fir déi véiert Kéier am Konzerthaus zu Berlin moderéiert.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

Oktober 2024 | © (c) Christophe Mirkes play_arrow
Désirée Nosbusch, Moderatrice vum OPUS KLASSIK 2024 am Konzerthaus zu Berlin

Den OPUS KLASSIK gëtt als déi bedeitendst däitsch Auszeechnung an der Klassik-Industrie ugesinn. D'Désirée Nosbusch moderéiert den Nofollger-Präis vum fréieren 'Echo Klassik' zënter véier Joer an huet domat den Thomas Gottschalk ofgeléist. An och wann d'Lëtzebuergerin däitlech mécht, datt si kee Klassik-Expert wier, ass et trotzdeem ee vun hire léifste Projeten am Joer.

De Christophe Mirkes huet sech mat der Désirée Nosbusch no der éischter Prouf fir d'Gala vum OPUS KLASSIK ënnerhalen a probéiert erauszefannen, wien si an deene leschte Joren duerch d'Präisiwwerreechung kennegeléiert huet a wat e Präis fir e Kënschtler eigentlech ze bedeiten huet. 

Lauschterenplay_arrow