Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johannes Brahms (arr. Fritz Kreisler) - Ungaresch Dänz fir Gei a Piano, Nr.17 - Linus Roth (Gei), José Gallardo (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Leit mat E-Autoen a Wärmepompele wäerte méi bezuelen: "Kann een net ganz evitéieren"

Claude Rischette vum ILR

Leit mat E-Autoen a Wärmepompele wäerte méi bezuelen: "Kann een net ganz evitéieren"

An eppes méi wéi dräi Wochen, den 1. Januar, trëtt déi nei Tarifstruktur fir d‘Stroumnetzkäschten a Kraaft. Wéi de Claude Rischette, ee vun de Vizedirektere vum Regulateur ILR, am 100,7-Interview erkläert huet, soll dës nei Präisstruktur méi "verursaachergerecht" sinn.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

An Zäite vu Picken, wou d‘Netz staark belaascht ass, wäert et méi kaschten. Déi meeschte Leit, iwwer 90 Prozent, wäerten de Berechnunge vum ILR no awer an déi ënnescht Präiskategorie klasséiert ginn, esou de Claude Rischette.

Zu deenen, déi awer eventuell méi wäerte bezuele mussen, gehéieren déi, déi en Elektroauto an oder eng Wärmepompel hunn. Eng Fro un der ILR Vizedirekter Claude Rischette war dofir déi, ob mat der neier Tarifstruktur net grad déi bestrooft ginn, déi vu fossillen op méi klimaschutzfrëndlech Energien ëmgeklomme sinn?

"Do si verschidde Verbraucher effektiv, déi eebe méi zéien. Ganz evitéiere kann een dat net. Wéi gesot, da fält een awer an déi nächst héich Klass, wou een da méi een héije fixe Montant bezilt. Dat ass richteg. Awer insgesamt si mir do e bësse bei enger awer relativ ofgefierderter Situatioun, datt dat elo net dramatesch an d'Luucht geet."