Haut viru genee 100 Joer ass den Giacomo Puccini verstuerwen – ee vun de bekanntsten italieenesche Komponisten, zemools fir seng Operen. Am Ganzen huet hien 12 Opere komponéiert. "Turandot" ass seng lescht Oper. Déi huet hie wärend senge fënnef leschte Liewensjore geschriwwen a net finaliséiere kennen. De Franco Alfano, en aneren italieenesche Komponist, huet nom Puccini sengem Doud d'Skizze recuperéiert an d'Oper fäerdeg komponéiert.
Säin éischte groussen Erfolleg hat de Puccini mat senger Oper "Manon Lescaut". D'Première vun dëser Oper war an der Met Opera zu New York, an deen Owend ass de Puccini mat engem grousse Schëff ugereest, an dat Schëff hat Verspéidung.
De Puccini ass an Italien op d'Welt komm, mee 1924 zu Bréissel verstuerwen. Do war hien an engem Spidol fir experimentell Traitementer fir säi Keelkappkriibs ze bekämpfen. No esou enger Operatioun ass hien da ganz tragesch un engem Häerzinfarkt verstuerwen.
D'Angie Maquil huet sech mam Marie Schockmel iwwert de Puccini ënnerhalen.