De 6. Juni 1925 stierft d'Komponistin a Pianistin Josephine Schmoll, aarm wéi eng Kierchemaus an der Fondation Pescatore. Well si keng Ierwen hat a keen, deen sech ëm hire Nolass gekëmmert huet, geréit si a Vergiessenheet. Mëttlerweil gëtt si dacks als déi “alleréischte Lëtzebuerger Komponistin” bezeechent. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster wéi d'Komponistin erëmentdeckt ginn ass, a wéi engem historesche Kontext d'Josephine Schmoll gelieft a komponéiert huet, op wéi eng Erausfuerderunge si gestouss ass an ob se wierklech déi alleréischt Lëtzebuerger Komponistin war.
Am Kader vum LUGA ginn den 8. Juni um 3 Auer Mëttes iwweregens Wierker vun der Josephine Schmoll, esou wéi vun der Lou Koster, der Helen Buchholtz an der Tatsiana Zelianko am Stater Park opgefouert.
Klassik Aktuell
Josephine Schmoll: 100. Doudesdag
D'Josephine Schmoll gëllt als déi alleréischte Lëtzebuerger Komponistin. De 6. Juni 1925 stierft si aarm wéi eng Kierchemaus a geréit a Vergiessenheet...
auto_stories
1 min
headphones12 min
Danielle Roster (Foto: uni.lu)