Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Robert Schumann - Arabesque, Op. 18, Leicht und Zart - Judith Jáuregui (Piano)

play_arrow Live
opus

/ 100 Joer Pierre Boulez

Komponist an Dirigent

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez: ee Pionéier vun der serieller Musek an ee visionären Dirigent. Seng Aarbecht brécht Reegelen, fuerdert eraus a verbënnt Traditioun mat Innovatioun.

auto_stories

3 min

headphones

7 min

© picture-alliance/ dpa | Rolf Haid play_arrow
(Foto: picture-alliance/ dpa | Rolf Haid)

De Pierre Boulez ass eng Schlësselfigur vun der zäitgenëssescher Musek. Op engem 26. Mäerz 2025 wier de Komponist haut 100 Joer al ginn.

Mir blécken zeréck op ee Mënsch, dee fir eng Distanz tëscht senger Musek an dem Publikum gesuergt huet. Als Dirigent hat hien immens grousse Succès a konnt weltwäit grouss Orchestere leeden. 

Als Komponist huet hien déi seriell Musek op een Héichpunkt bruecht, andeems hien net nëmmen Nouten, mee och Artikulatiounen a Nuancen an eng strikt Struktur gesat huet. Mee verléiert d'Musek duerch sou vill Reegelen net hir Kreativitéit?

Fannt et eraus an engem Gespréich tëscht dem Jean Thill a Lex Kauffmann vum Opus 100,7.

Lauschterenplay_arrow

100,7-Interview mam Pierre Boulez

© picture alliance / Fred Toulet/Leemage | ©Fred Toulet/Leemage
(Foto: picture alliance / Fred Toulet/Leemage | ©Fred Toulet/Leemage)

Am Joer 2000 hat de Remy Franck vum Radio 100,7 a Pizzicato d'Geleeënheet, den Dirigent Pierre Boulez fir säi 75. Gebuertsdag am Paräiser IRCAM ze interviewen. Dësen Interview kënnt dir hei nolauschteren.

Interview mam Pierre Boulezplay_arrow

Ee Bäitrag vum Jean Thill