KLASSIK AKTUELL

100 Joer Theodorakis am Tramsschapp

Op Initiativ vun der Ariel Wagner-Parker ginn um Lampertsbierg mat insgesamt dräi Chéier déi bekanntste Melodië vum Mikis Theodorakis opgefouert.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Ariel Wagner-Parker, Schrëftstellerin an Iwwersetzerin | © radio 100,7/Kim Winkel play_arrow
Ariel Wagner-Parker, Schrëftstellerin an Iwwersetzerin (Foto: radio 100,7/Kim Winkel)

Dräi Chéier trieden den 11. Juni 2025 zesummen am Tramsschapp op. Dat sinn den Ambitus, d'Chorale vun der Communauté hellénique a Membere vun der Associatioun Sequenda. De Grond ass dem griichesche Komponist Mikis Theodorakis säin 100.Gebuertsdag, deen dëst Joer gefeiert gëtt. 

D'Ariel Wagner-Parker huet dëse Concert initiéiert. Domat schléisst si u Concerten un, déi hire Mann, de Guy Wagner (Auteur vum Buch "Mikis Theodorakis, une vie pour la Grèce" a fréieren 100,7-Mataarbechter mat enger eegener Serie iwwert de Mikis Theodorakis), zënter den 1970er Joren mat der Musek vum griichesche Komponist programméiert huet.

Nieft dem Concertsprogramm huet d'Ariel Wagner-Parker dem Christophe Mirkes am Gespréich vill biographesch Detailer iwwert de M. Theodorakis verroden.

Weider Detailer iwwert de Concert fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow