Lëtz Sang!

1.200 Kannerstëmmen an der Philharmonie

An der Philharmonie hunn de Freide méi wéi Dausend Kanner zesumme gesongen, mat de Lëtzebuerger Philharmonie, dem Ivan Boumans als Dirigent, an der Sängerin Tali.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

Lëtz Sang | © Philharmonie Luxembourg / Inês Rebelo de Andrade play_arrow
Lëtz Sang (Foto: Philharmonie Luxembourg / Inês Rebelo de Andrade )

Wéi kritt ee méi wéi Dausend Kanner dozou zesummen ze sangen? Op déi Fro huet d'Martina Menichetti méi wéi eng Äntwert. Si ass Musekerin a schafft schonn zanter Joren als Pädagogin an der Philharmonie, a gëtt hir Passioun fir d'Musek dagdeeglech un déi méi jonk weider.

Bei hirem neiste Projet "Lëtz Sang" hunn sech 1.200 Kanner am grousse Sall an der Philharmonie getraff, fir zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Sängerin Tali ze sangen. Wéi dat ganzt verlaf ass, wat dee gréisste Challenge war, an ob esou änlech Eventer scho fir d'Zukunft geplangt sinn, alles dat verréit d'Martina Menichetti am Gespréich mam Marie Schockmel. 

Lauschterenplay_arrow