Zweemol Papp a Jong. Eng Kéier als Pianoduo, eng Kéier als Perkussiounsduo. Zesummen als Quartett trieden de Gary an de Jean Muller an de Paul an de Michel Mootz zanter 2008 op. An dëser Formatioun spille si och hiren traditionellen Neijoerschconcert. Dräi vun deene véier Museker waren am Interview beim Christophe Mirkes.
Si verroden ënner anerem wat fir hire fofzéngte 'Concert de Nouvel An' am Stater Conservatoire um Programm steet, wien si als Gäscht op der Bün mat dobäi hunn, a wat sou een Neijoerschconcert sou besonnesch mécht. Ugefaangen huet d'Gespréich awer mam Ursprong vum 'Concert de Nouvel An'.