Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Joseph Haydn - Concerto fir Cello Nr.1 an Do Majeur, Hob. VIIb:1, II. Adagio - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
search

/ 190. Gebuertsdag vum Laurent Menager

D'opus 100,7 Gebuertsdagskand

190. Gebuertsdag vum Laurent Menager

Den 10. Januar 1835 ass de bekannte Lëtzebuerger Komponist Laurent Menager op d'Welt komm.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Laurent Menager, Quell: Uni.lu

Den 10. Januar 1835 ass de Lëtzebuerger Komponist Laurent Menager am Pafendall op d'Welt komm. Ee bekannte Personnage aus der klassescher Musek, deen een ënnert anerem mat Lidder wéi "Margréitchen" oder "Wann ech Kinnek wier" haut nach kennt.

D'Lori Dauphin aus der Klassik-Ekipp huet ee Portrait iwwert de Lëtzebuerger Komponist, Dirigent a Musekspedagog zesummegestallt.

Lauschterenplay_arrow

De Laurent Menager kënnt fréi mat der Musek a Kontakt. Séier ass och kloer, dass hien no senger Première, Musek studéiere goe wëll. Säi Papp ass vun där Iddi awer net esou iwwerzeegt. Hie wëll nämlech, datt säi Jong als Comptabel an enger Quincaillerie schaffe soll. Schlussendlech entscheet sech de Laurent Menager awer fir de Conservatoire zu Köln, wou hie Kompositioun an Direktioun studéiert.

De Laurent Menager mécht vill fir d'Musek zu Lëtzebuerg

Schonn an den 1930er Jore gëtt de Laurent Menager vum Escher Tageblatt als bedeitendsten a villsäitegste Museker beschriwwen, nieft dem Jean Antoine Zinnen (Komponist vun der Nationalhymn "Ons Heemecht").

De Laurent Menager ass wärend senger Carrière net just Museker a Komponist, mee hie spillt och Uergel, dirigéiert a gëtt Museksproff. Hei gëtt hien als roueg a gedëlleg am Ëmgang mat senge Matmënsche beschriwwen.

Donieft gëllt hien awer och als Grënner vu Gesangscoursen a Lëtzebuerger Primärschoulen, Matgrënner vum allgemenge Lëtzebuerger Museksveräin, der haiteger UGDA. An hie gëtt ee bedeitende Lëtzebuerger Sinfoniker.

Seng Musek lieft weider

Och haut ginn dem Laurent Menager seng Wierker reegelméisseg op Concerten opgefouert.

An deem Kader schafft d'Uni.lu aktuell un enger Gesamtausgab vu senge Wierker, fir dass de Repertoire vum Lëtzebuerger Komponist och an Zukunft national an international opgefouert ka ginn.