Radioen

On air

De barocke Moien  |  Jean-Philippe Rameau - Deuxième livre, RCT 12, La Dauphine - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
search

/ 200 Joer Bruckner

Klassik Aktuell

200 Joer Bruckner

Den Anton Bruckner ass als komesche Kauz vun der Museksgeschicht an Erënnerung bliwwen. Wourun dat läit, erkläert d'Marie Trussart a gëtt en Iwwerbléck vun de Concerten, déi fir de Jubiläum geplangt sinn.

auto_stories

5 min

Et gi wahrscheinlech net vill Komponisten, déi esou en oneenheetlecht Bild vu sech hannerlooss hunn. Dat wat eis haut vum Bruckner senger Perséinlechkeet iwwerliwwert gouf, baséiert op eng gutt Rëtsch Anekdoten an vague Erënnerunge vu senge Kolleegen. Vum Bruckner selwer ginn et éischter wéineg Quellen. Zu senge Liewenszäiten hat hien de Ruf vun engem stueren, exzentreschen, einsame Provinzkomponist, deen sech an der Wiener High-Society net integréiere konnt. Réischt e puer Joer viru sengem Doud huet hien iwwerhaapt Respekt fir seng Musek kritt. Dacks gëtt hien also relativ negativ duergestallt an et gëtt och ëmmer rem de Geck mat em gemaach.

Hie krut seng Hierkunft net verstoppt

De Musekswëssenschaftler Hans Heinrich Eggebrecht beschreift dem Bruckner säi Kleedungsstil als dee vun engem Kënschtler deen ”den Absprung aus seiner Herkunftswelt nicht gefunden hat und zeitlebens durch einen Zug von Unbeholfenheit, Dörflichkeit und Weltfremdheit gekennzeichnet blieb. Déi wéineg Aussoen, déi vum Bruckner bekannt sinn, soll en mat engem heftegen Dialekt vu sech ginn hunn. Sou gouf en als naiven an tollpatschesche Bauer erënnert, deen sech an den Intellektuellekreeser vu Wien net integréiere konnt. Dat hien souguer nach als UnisProf mat engem schlonkesche Gewand aus déckem Léngent an enger Zäsarfrisur duerch d’Stroosse vu Wien gegeeschtert, huet wahrscheinlech net gehollef.

“Ein einfältiger Mensch, halb Genie, halb Trottel”

Den Dirigent Hans von Bülow soll hien als en “einfältiger Mensch, halb Genie, halb Trottel” bezeechent hunn. De Bruckner war en aussergewéinlech talentéierte Komponist an Organist. Gläichzäiteg ass e mam Sozialliewen net wierklech eenz ginn an ass dacks als komesche Kauz vu senge Matmënsche wouergeholl ginn.

Hien hat zum Beispill eng Faszinatioun fir den Dout an ass gären op Begriefnisser a Hirichtunge gaangen. Hie war dobäi, wou dem Beethoven seng Läich exhuméiert gouf a krut et souguer hin, de Schädel unzepaken. Dozou huet hie säi Liewe laang am Zölibat gelieft an just ee Meedche gekësst. Woufir hien awer schlecht Gewëssen hat an dat spéiderhin als grouss Sënn bereit huet. An trotzdem huet en enger Rëtsch Fraen a Meedercher en Heiratsantrag gemaach, souguer nach am Alter vun 72 Joer.

Eng Obsessioun fir Zuelen an en déiwe Glaawen

Hien hat eng Obsession fir Zuelen a misst ëmmer alles zielen, wat e gesinn huet. Sief et d’Blieder vun de Beem, d’Fënstere vu Gebeier a natierlech och a senger Musek, d’Täkt aus senge Kompositiounen. D’Zuel 9 war seng Lieblingszuel a gläichzäiteg verbënnt hien se mat engem Flug. Hien huet fest dorunner gegleeft, datt all Komponist säit dem Beethoven nom komponéiere vun der 9. Sinfonie misst stiewen. Dowéinst huet hie seng 9. Sinfonie nie oofgeschloss. 

Den Anton Bruckner war streng gleeweg an huet seng Musek als Gottesdéngscht konzipéiert. Dat huet säi schlechte Ruf net besser gemaach. Sou sot de Johannes Brahms, hie wier en “Aarme, verréckte Mënsch, “den die Pfaffen von St. Florian auf dem Gewissen haben".

Dobäi géing een de Bruckner haut als en typesche Sozialaufsteiger bezeechnen. Hie gouf 1824, haut viru genee 200 Joer an engem Duerf an Ueweréisterräich gebuer a kënnt aus einfache Verhältnisser. Säi Papp war Schoulmeeschter, Organist a Chouerleeder. De Bruckner wiisst also mat der Kierchemusek op an ersetzt schonn am Alter vun 10 Joer säi Papp op der Uergel, gëtt Sängerknabe am Klouschter St Florian. De Bruckner bréngt et awer fäerdeg vum Provënzmuseker zum Unisprof, autodidakten Uergelvirtuos a grousse Sinfoniker ze ginn. An dat huet hie senger haarder Aarbecht a sengem feste Glaawen un der Musek ze verdanken.

D'Kritik motivéiert hien virunzekommen

Et gouf also vill de Geck mat em Gemaach, e gouf entweder net eescht geholl oder carrément ignoréiert. Mee dat dreift de Bruckner weider. Hien zweifelt zwar vill un sech selwer, mee dee Manktem un Unerkennung motivéiert en, ëmsou méi ze studéieren, Diplomer an Titelen ze kréien. Hie packt ëmmer nees Museksexamen fir sech ze berouegen an op deem héchste Niveau ze kommen.

Dem Bruckner säin Talent fir Musek gëtt réischt spéit entdeckt. Mat 40 Joer fänkt hie réischt mat Komponéieren un, nodeems hie jorelaang Musekstheorie a Kontrapunkt niewent sengem Beruff als Schoulmeeschter studéiert huet. Hie gëtt awer réischt mat iwwer 60 iwwerhaapt eescht geholl, no der Opféierung vu senger 7. Sinfonie zu Leipzeg.

Den zäitlose Sinfoniker

Haut ass seng Bedeitung fir d’Museksgeschicht indiskutabel: Hie war en Uergelvirtuos a niewent dem Beethoven zielt hien zu deene gréisste Sinfoniker. Hien huet zu senger Zäit weder zum Klub vun de Neidäitschen, nach zu dem vun den Zukunftsmuseker gepasst. Fir déi eng war seng Musek ze komplex, modern a Monumental, fir déi aner war hien ze aalmoudesch. Villäicht gouf de Bruckner am falsche Jorhonnert gebuer. Oder seng Musek ass einfach zäitlos....

Concerten an Evenementer

Wien elo Loscht kritt huet déi Musek ze entdecken, huet Gléck. Fir dem Anton Bruckner säi Gebuertsdag ze feieren, sinn eng Rëtsch Concerte geplangt:

Zu Diddleng an der Sankt Martin Kierch gëtt et zum Beispill d’Bruckner Festspiele. All Samschden, an dat bis den 2. November ginn dem Eberhard Klotz seng Arrangementer fir Uergel vum Bruckner sengen 11 Sinfonie gespillt, allkéiers um 8 Auer owes. Dëse Samsden, de 07. September ass déi 1. Sinfonie an Do Mineur drun, interpretéiert vun der Andrea Pedrazzini.

Am Kader vum Gebuertsdag vum Coeur de Chambre de Luxembourg gëtt den 12. Dezember an der Philharmonie dem Bruckner seng Mass a Fa Mineur, esou wéi d’Finale vun der 8. Sinfonie gespillt.

An den 23. Mee spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker eng leschte Kéier ënner der Leedung vum Gustavo Gimeno, an zwar déi 6. Sinfonie vum Bruckner.

Den Auslandsprogramm fannt dir hei.