De Programm a Resonanzen:
1. En Triosconcert mat Flütt, Klarinett a Piano um Buerglënster Festival.
E Concert mat 3 Professeren aus dem Stater Conservatoire. D'Flüttistin Aniela Stoffels erkläert de Programm, deen an zwou kloer Rubriken ze ënnerdeelen ass.
2. De Beethoven a seng Zäitgenosse kenneléieren zu Maarnech am Cube 521
D'Kammerata Lëtzebuerg spillt Wierker vum Beethoven an anere Komponiste vun där Zäit. D'Schauspillerin Brigitte Urhausen liest dotëschent aus Bréiwer an Texter, iwwer déi de Beethoven op eng intim Aart a Weis presentéiert gëtt.
3. De Klassik Album vun der Woch
E Mozart-Album mat der “Württembergische Philharmonie Reutlingen” a mam Christian Erny. De Solist um Piano ass den Hans-Jürg Strub.