Gëschter ass de Sidney Scho an der Finall vun der "Conducting Competition 2025" zu Bukarest ugetrueden. Den 23 Joer jonke Museker ass aktuell Dirigent an Directeur Musical vum Cercle Symphonique vu Rëmeleng. Seng Passioun fir d'Musek hat awer scho fréi ugefaangen. Mat 6 Joer fänkt hien u Gei ze spillen, a spéider sinn dann och d’Uergel an d’Dirigéieren dobäi komm.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Sidney Scho ënnert anerem wéi hien sech elo fillt als Gewënner vum zweete Präis vun deem internationale Concours fir Dirigenten, a wat dee Gewënn fir seng musikalesch Zukunft bedeit.