Dëst Joer feiert d’Mierscher Kulturhaus säin 20. Gebuertsdag. Fir dat ze zelebréieren, invitéiert den Orchestre de Chambre du Luxembourg op e Concert zesumme mat der Sopranistin Hila Baggio. D’Corinna Niemeyer, Chefdirigentin vum Orchester, huet dem Marie Trussart erzielt wéivill si an den OCL sech op de Concert freeën. Si erkläert wat si ënner komesch Villercher versteet an firwat een deen Owend op kee Fall sollt verpassen.