De Medianrevenu läit bei 4.170 Euro pro Mount. Dat heescht, datt déi eng Hallschent vun de Leit manner verdingt an déi aner Hallschent méi.
Nidderaanwen ass déi Gemeng, wou de Mediansalaire, mat knapp iwwer 7.000 Euro den héchsten ass.
D'Stéit ginn ongeféier ee Fënneftel vun hiren Depensë fir Wunnen, Energie a Waasser aus. An an der Moyenne gi se 1.300 Euro fir eng Vakanz aus.
Fussball ass de Sport Nummer 1 am Land
De STATEC stellt iwwerdeems fest, datt de Fussball de Sport mat de meeschte Lizenzen hei am Land ass - bal 51.000 ginn et där zu Lëtzebuerg. Dono kënnt den Tennis mat knapp 15.400 Lizenzen.
Liest hei all d'Zuele vum "Luxembourg en chiffres 2026" no