Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ 250 Joer Lënster Kierch

KLASSIK AKTUELL

250 Joer Lënster Kierch

En Iwwerbléck iwwert d'Concerten an all aner Evenementer ronderëm den Anniversaire. Och d'Uergel gëtt an dësem Kader moderniséiert.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

De Gebuertsdag vun der Lënster Kierch mat spéitbarocker Architektur aus dem Joer 1774 gëtt mat enger besonnesch laanger Saison gefeiert. Ugefaangen am Oktober 2023, ginn Evenementer dëst Joer, am Jubiläumsjoer, vu Januar bis November weider. Och d'Uergel vun der Kierch gëtt an dësem Kader moderniséiert an erweidert.

De Christophe Mirkes huet beim Luc Nilles, dem Zoustännege fir de musikalesche Volet vun den Evenementer, nogefrot wien am Kader vun dësem Jubiläumsjoer an der Lënster Kierch optrëtt a wat un der deelweis als 'Monument national' klasséierter Uergel verännert gëtt.

De Programm mat alle Concerten an Evenementer fënnt een hei.

Lauschterenplay_arrow