Ënner den Nominéierte sinn eng ganz Rei renomméiert Solisten, Ensembelen, Dirigenten an Orchesteren, genee esou wéi jonk Museker, déi fir déi éischte Kéier nominéiert sinn. Alles an allem sinn 375 Audio- a Videopordukiounen vun 115 Labelen nominéiert. Fir nominéiert ze ginn, muss eng Produktioun Minimum vun zwee Jurysmemberen proposéiert ginn.
Finalisten a Gewënner
Mat 23 Stéck, huet Naxos déi meeschten Nominatiounen. Direkt duerno kënnt Pentatone (22), Harmonia Mundi (21) an Alpha (20). D'Finalisten ginn den 11. Dezember publizéiert, d'Gewënner den 18. Januar 2024. De Gala-Concert mat der Präisiwwerreeschung ass den 12. Abrëll 2024 am Palau de la Musica zu Valencia, mam Orquesta de Valencia ënner der Direktioun vum Alexander Liebreich.
Nominatiounen aus Lëtzebuerg
Op der Lëscht vun den Nominéierten sinn och fënnef Produktiounen aus Lëtzebuerg vertrueden:
Kategorie 'Choral':

Kategorie 'Solo Instrument':

Kategorie 'Chamber Music':

Kategorie 'Contemporary':

