Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ 380 KV-Leitung: Creos hält sech u Propos vum Ëmweltministère

Stroumtrace

380 KV-Leitung: Creos hält sech u Propos vum Ëmweltministère

Fir de Bau vun der ëmstriddener 380-Kilovolt-Stroumleitung hält CREOS sech un déi Variant, déi den Ëmweltministère viru gutt engem Mount zeréck behalen hat. Dat huet de Stroumnetzbedreiwer de Mëtteg matgedeelt, nom Ofschloss vu senger Analys an no Récksprooch haut mat de 17 betraffene Gemengen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Creos | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

An aacht Zonen um Tracé vun der geplangter neier Stroumleitung kéinten awer nach “marginal Upassunge” néideg sinn, esou d’Generaldirectrice vu CREOS, Laurence Zenner, déi néideg Etudë géife lafen. Haaptsächlech géif et dobäi nach ëm Waasserschutzzone goen, déi misste respektéiert ginn. De Projet géif sech dowéinst nach liicht ugepasst ginn.

Fir déi nei Héichspannungsleitung mussen um Tracé vun den 48 Kilometer 145 nei Masten opgeriicht ginn, seet de Responsabele fir d’Héichspannungsleitunge bei CREOS, Claude Kraft. Elo géife fir d‘éischt d‘Proprietäre gefrot gi fir déi eenzel Masten op hir Stécker kënnen ze setzen.

Stroumpräisser klamme wéinst dem Bau vun der Leitung

De ganze Projet vun der neier Héichspannungsleitung soll geschaten 350 Milliounen Euro kaschten. Duerch den Invest an d’Stroumnetz wäerten d’Präisser fir d’Stroumclienten an Zukunft an d’Luucht goen, seet d’CREOS-Generaldirectrice Laurence Zenner. D’Leitung géif awer op 45 Joer amortiséiert ginn. Et wäert een dann och dofir suergen, datt déi Augmentatiounen dann an engem „verträgleche Mooss“ wäerte bleiwen.

Déi Responsabel vum Netzbedreiwer hunn och ugekënnegt, Mëtt 2026 mam Bau vun der neier Leitung wëllen unzefänken. Virgesinn ass och, datt 75 Kilometer aktuell Stroumleitunge mat 225 Maste wäerten ofgebaut ginn.

Déi nei Stroumleitung soll 2029 fäerdeg sinn. Den Tracé vun 48 Kilometer geet vun der däitscher Grenz op Bartreng.

Lauschterenplay_arrow