Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Henryk Górecki - Sinfonie Nr. 3, Op. 36 "Symphony of Sorrowful Songs", II. - Dawn Upshaw (Sopr.), London Sinfonietta, David Zinman, (Dir.)

play_arrow Live
search

/ 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg

Klassik Aktuell

39. Saison vun der Kammerata Luxembourg

Eng Saison mat ville Neierungen – ënnert anerem ass d’Sandrine Cantoreggi elo Präsidentin vum Ensembel

auto_stories

1 min

headphones

11 min

play_arrow
Sandrine Cantoreggi & Marc Jacoby

Déi 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg geet den 31. Oktober lass – ganz passend mat engem Halloween-Concert ënnert dem Motto “Halloween – an evening with Dracula”, als Optakt fir de Festival "MusicDays Vianden". Do si net nëmmen d’Museker.innen vum Lëtzebuerger Ensembel verkleet, mee och d’Nolauschter.innen. De Rescht vun der neier Saison bitt dann e ganz variéierte Programm, mat vill Theater an och Programmatioune spezifesch fir Kanner. 

Eng grouss Neierung fir déi 39. Saison ass datt de Marc Jaboby elo no ville Joren seng Plaz vum Präsident weider gëtt. Nei Präsidentin vun der Kammerata ass elo d’Sandrine Cantoreggi. 

D’Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee iwwert den Halloween-Concert, déi nei Saison an déi nei Präsidentschaft ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow

De ganze Programm vun der 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg fannt dir hei