Radioen

On air

De barocke Moien  |  Jean-Philippe Rameau - Deuxième livre, RCT 12, La Dauphine - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
search

/ 40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes

Klassik Aktuell

40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes

Eng grouss Editioun mat 148 Kandidat:innen - D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, verréit méi.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

play_arrow
Micky Thein
148 Kandidat:innen maachen dëst Joer mat beim 40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes vun der UGDA Musekschoul. Deen ass den 10. November am Stater Conservatoire. 
80 Kandidat:innen komme vu Lëtzebuerg, an de Rescht kënnt aus aneren europäesche Länner. All Joer gëtt de Concours nämlech och fir een oder zwee Instrumenter op europäeschem Niveau ausgeschriwwen, an dëst Joer ass et fir d'Trompett an d'Querflütt.
 
Den 10. November spillen awer net nëmmen all d'Kandidat:innen. Och véier Solist:innen aus de leschte 40 Joer trieden zesumme mat der Militärmusek op. 
 
D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, war selwer eemol Lauréatin vun dësem Concours, an dem Marie Schockmel huet si méi verroden iwwert de Concours a seng 40. Editioun.
Méi Detailer iwwer de Concours fannt Dir hei.