Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Fantasiestécker fir Piano a Klarinett, Op. 73, I. Zart und mit Ausdruck - Tabea Zimmermann (Braatsch), Jörg Widmann (Klarinett), Dénes Várjon (Piano)

play_arrow Live
opus

/ 50 Joer Les Amis de l'Orgue

Klassik Aktuell

50 Joer Les Amis de l'Orgue

Les Amis de l’Orgue Luxembourg zelebréieren dëst Joer hire 50. Jubiläum. A fir dat ze feieren, gëtt et de Sonnden, 13. Oktober um 5 Auer e Concert an der Mäerteskierch vu Jonglënster.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

play_arrow
Paul Kayser, President vun den Amis de l'Orgue Luxembourg

Mat dobäi ass den Titularorganist vun der Paräisser Kierch St-Eustache, den Thomas Ospital. Dee gëtt begleet vum Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, ënner der Baguette vum Pit Brosius interpretéieren si Wierker vum William Walton a Joseph Gabriel von Rheinberger, esou wéi eng Kreatioun vum Ivan Boumans, déi extra fir d’Occasioun komponéiert gouf. D’Marie Trussart huet mam Paul Kayser, Organist a President vun den Amis de l'Orgue Luxembourg, ënner anerem iwwer d’Vergaangenheet an d'Zukunft vum Veräi geschwat, esou wéi iwwer de Programm vum Concert.

De Concert ass gratis, Plaze kënne per Email reservéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow