Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonio Vivaldi - Véier Joreszäiten: Summer, Nr. 2, Op. 8, RV 315, III. Presto - Richard Galliano

play_arrow Live
search

/ 'many people don't even know it exists'

KLASSIK AKTUELL

'many people don't even know it exists'

E Concerto net a Majeur, net a mineur, mee 'in modo misolidio'. De finnesche Pianist Olli Mustonen spillt dëse Concerto vum Ottorino Respighi an der Lëtzebuerger Philharmonie, zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Olli Mustonen (Photo: Frank Schinski)

Lauschterenplay_arrow

 

Den Ottorino Respighi huet 2 Concertoe fir Piano an Orchester geschriwwen. Dorënner een 'in modo misolidio'. Dëse Pianosconcerto gehéiert zu deenen onbekannte Wierker vum italieeneschen Impressionist an dofir kritt een en och bal guer net an de Concertshaiser ze héieren.

Den Olli Mustonen féiert dëse Concerto den 13. Mee 2024, zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg ënnert der Leedung vum Christoph König an der Philharmonie op. De Christophe Mirkes huet sech mam finnesche Pianist iwwert dëse 'Concerto in modo misolidio' vum Ottorino Respighi ënnerhalen. E grousst an onbekannte Wierk, vun deem och vill Berufsmuseker net wëssen, datt et existéiert.