Radioen

On air

Notturno  |  Johann Pachelbel - Sinfonie Nr.5 a Ré Mineur, Op. 3, I. Allegro Moderato - Stuttgarter Kammerorchester, Michael Hofstetter (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ ALEBA: Sozialplang bei der ING an Zukunft net ausgeschloss

"Eppes wäert passéieren"

ALEBA: Sozialplang bei der ING an Zukunft net ausgeschloss

D’Gewerkschaft ALEBA geet dovun aus, datt den neien Accord tëschent ING a BGL kuerzfristeg keng Konsequenze fir d’Personal vun ING Lëtzebuerg wäert hunn. Liicht Suergen huet een trotzdeem.

auto_stories

2 min

© Artur Widak/NurPhoto
Foto: Artur Widak/NurPhoto/picture-alliance

Mam Accord sollen eng 18.000 Privatclientë vun der ING bei BGL BNP Paribas orientéiert ginn. Dat hate béid Banke gëschter matgedeelt. Dës Transitioun soll bis de Summer 2025 ofgeschloss sinn.

Mam Accord sollen eng 18.000 Privatclientë vun der ING bei BGL BNP Paribas orientéiert ginn, hate béid Banke gëschter matgedeelt: Dës Transitioun soll bis de Summer d’nächst Joer ofgeschloss sinn. Am Mee dëst Joer hat ING confirméiert, datt si d’Geschäft mat Privatclienten hei am Land ganz opgëtt.

"Net virun de Won lafen"

“Mir ginn awer dovun aus, dass trotzdeem iergendwann eppes wäert passéieren”, esou den ALEBA-Vizepresident Jean-Jacques Rieff zu Fro vun de Konsequenzen an Zukunft fir d’Personal vun ING. Fir dee Fall hätten d’Gewerkschafte vun der ING-Direktioun versprach kritt, datt si zäitno solle mat agebonne ginn, seet de Jean-Jacques Rieff.

"Sollt dat elo wierklech passéieren – an ech menge mir sollte wierklech elo net virun de Won bei deene Saachen do lafen, dat ass alles ganz sensitiv och fir d’Personal, wat jo do concernéiert ass – mee sollt et eng Kéier esou wäit kommen, da sinn eben déi normal Saachen, déi ebe lafe, wann d’Bank gesäit, wéi vill Personal se muss eventuell entloossen, da muss ee Sozialplang verhandelt ginn, an an deem Sënn géife mir dann natierlech do gäre mat negociéieren. Et ass jo kloer, mir wëllen net hunn, dass ugefaange gëtt, all Mount e puer Leit z’e ntloossen (...) an, dass se da keng anstänneg Conditiounen hunn."

Lauschterenplay_arrow

Am September dëst Joer haten d’Gewerkschaften ALEBA an LCGB matgedeelt, datt et trotz dem Zoumaache vun Aktivitéite beim ING-Grupp hei am Land, dëst Joer an 2025 net zu engem Sozialplang soll kommen. D’Bank ING hätt och confirméiert, datt et fir de Moment keng Entloossungen aus wirtschaftleche Grënn solle ginn, hat et viru gutt zwee Méint vun de Gewerkschafte geheescht.