Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Absolute Jest

Klassik aktuell

Absolute Jest

De Quatuor Ébène trëtt de Freiden 12. Januar als Solist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker op. Um Programm: E Concerto vum John Adams.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Quatuor Ébène | © Julien Mignot play_arrow
Quatuor Ébène (Foto: Julien Mignot)

E Concerto net fir ee Solo-Instrument, mä fir en Ensembel zesumme mat engem Orchester. Dat steet e Freideg Owend an der Philharmonie op der Affiche, wann de Quatuor Ebène zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker dem John Adams säi Wierk Absolute Jest interpretéiert. Fir den Ensembel ass dëst Wierk eng Première op déi sech déi véier Museker ganz besonnesch freeën, wéi de Geiist Gabriel Le Magadure dem Luc Boentges verroden huet.

Niewent dem John Adams senger Kompositioun „Absolute Jest“ stinn och dem Aleksandr Scriabine seng zweet Sinfonie an dem Igor Stravinsky seng Pulcinella-Suite um Programm. Weider Informatiounen dozou fënnt een hei.

Lauschterenplay_arrow