Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Camille Saint-Saëns (arr. Damien Ventula) - Romanz, Op. 36 - Damien Ventula (Cello), Orchestre de Chambre de Toulouse, Gilles Colliard (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Accord vun Unioun, SPD a Grénge fir Finanzpak

Däitschland

Accord vun Unioun, SPD a Grénge fir Finanzpak

Zu Berlin sinn d’Union an d’SPD sech mat deene Gréngen op de geplangte Scholdepak eens ginn. Et geet ëm Milliardenausgabe fir d‘Verdeedegung a fir d‘Infrastrukturen an Däitschland. Vill Detailer iwwer den Accord sinn nach net bekannt.

auto_stories

1 min

Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder

100 Milliarden Euro sollen an de Klima- an Transformatiounsfong fléissen, nodeems den Unions-Fraktiounschef Friedrich Merz um Donneschdeg nach vu 50 Milliarden Euro geschwat hat.

Entscheedung en Dënschdeg am Bundestag

Déi final Entscheedung am Bundestag kéint en Dënschdeg d’nächst Woch falen. Well fir d’Pläng vun Union an SPD eng Ännerung vum Grondgesetz néideg ass, brauch et eng Zweedrëttelmajoritéit, déi mat de Stëmme vun deene Grénge kéint erreecht ginn.

Den neie Bundestag soll de 25. Mäerz eng éischte Kéier zesumme kommen. An deem hunn Unioun, SPD a Gréng keng Zweedrëttelmajoritéit méi.