Radioen

On air

Notturno  |  George Enescu - Sonat fir Gei a Piano Nr.3, Op. 25 - Mari Poll (Gei), Mihkel Poll (Piano)

play_arrow Live
search

/ E Poppentheater mat Musek vum Händel

Klassik Aktuell

E Poppentheater mat Musek vum Händel

D'Pastoraloper Acis and Galatea gëtt am Mierscher Kulturhaus an enger aussergewéinlecher Form opgefouert.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Pastoraloper Acis and Galatea vum Georg Friedrich Händel gëtt dëse Sonnden, 18. Februar um 17 Auer am Mierscher Kulturhaus am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette gespillt. Mat dobäi ass den tschecheschen Ensemble Collegium Marianum, deem seng Spezialitéit d'Musek aus dem 17. an 18. Joerhonnert ass. Den Highlight vum Owend ass awer Buchty a Loutky, e Prager Marionettentheater deen d'Wierk vum Händel op eng ganz kreativ Aart a Weis neiinterpretéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart huet d'Jana Semerádová, Dirigentin a Flüttistin am Ensembel, ënner anerem verrode wat esou besonnesch un där Opféierung ass a wéi een eng traditionell Oper fir e Poppentheater adaptéiert.

Lauschterenplay_arrow