Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
search

/ Adventsconcert vum Ensembel Ad Libitum

Klassik Aktuell

Adventsconcert vum Ensembel Ad Libitum

De Barocken Ensembel spillt zwee Concerte fir de gudden Zweck

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Dëse Weekend spillt den Ensemble Ad Libitum zwee Concerten ënner dem Motto „Barocke Musik zum Advent“. De Rosch Mirkes huet dem Marie Trussart ënner anerem de Programm vum Concert verroden an him erkläert, firwat een net den typeschen Chrëschtdagsconcert sollt erwaarden. De Concert ass de Samschden, 16. Dezember um 8.30 Auer owes an der Kierch Saint-Sébastien zu Ettelbréck an e Sonnden, 17. Dezember um 4 Auer mëttes an der Kierch Marie-Reine zu Esch/Lalleng. Den Entrée ass gratis mee et gi Spende gesammelt fir zwee Projete. Méi Informatiounen iwwer d'Concerten an déi ënnerstëtzte Projete fannt Dir op der Websäit vun Ad Libitum.

Lauschterenplay_arrow