De Rosch Mirkes ass zanter hirer Grënnung am Joer 2001, Directeur artistique vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Ee Festival vu Januar bis Abrëll, deen sech der aler Musek ugeholl huet a bei ville Leit aus der Klassik Zeen Uklang fënnt. Hei trieden ausschliisslech international Kënschtlerinnen a Kënschtler op. Den Undrang bei de Musekerinnen a Museker jiddefalls ass grouss, mee wéi gesäit et beim Publik aus?
Wéi grouss sinn d'Ännerunge vum Festival iwwert zwee Joerzéngten? Zitt d'al Musek weiderhin zu Lëtzebuerg oder huelen dee Genre a Publik u Popularitéit zu Lëtzebuerg of?
Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mam Rosch Mirkes am Gespréich ënnerhalen.
Hei fannt dir och de Programm vun den RMVA 2025.