Den Albert Dietrich war Deel vum enke Frëndeskrees vum Robert Schumann, Johannes Brahms a Joseph Joachim. Domat war den Dietrich ee vun de groussen däitsche Romantiker, och wann een hien hautzedaags net méi wierklech kennt.
De Christoph König an d'Solistes Européens, Luxembourg hunn e ganzen Disk der Musek vum Albert Dietrich dediéiert. Drop ze héiere sinn d'Ouverture Op.35, de Geieconcerto Op.30 an d'Sinfonie Op.20. De Christophe Mirkes huet beim Dirigent Christoph König nogefrot, wat fir hien d'Musek vum Albrecht Dietrich ausmécht a wéi d'Solistes Européens, Luxembourg an insgesamt nëmmen 3 eenzelnen Deeg dee kompletten Disk konnten ophuelen.
Récksäit vum CD: