Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Carlo Cecere - Concerto fir Mandolin a La Majeur, I. Allegro Ma Non Presto - Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Alexei Nawalny gëtt haut bäigesat

Russland

Alexei Nawalny gëtt haut bäigesat

Trotz massiver Policepresenz huet zu Moskau d‘Trauerfeier fir de verstuerwene Kremlgéigner Alexei Nawalny stattfonnt. Scho Stonne virdrun haten sech Honnerte Mënsche bei der Kierch versammelt, ënner staarker Policepresenz.

auto_stories

1 min

Alexei Nawalny | © picture alliance/dpa | Christoph Schmidt
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Schmidt

Ronderëm d‘Kierch goufen iwwerall Clôturen opgestallt. Dosende Beamte sinn op der Plaz a kontrolléieren Dokumenter a perséinlech Géigestänn.

De Kreml huet virun all net-autoriséierter Manifestatioun gewarnt. Wien sech net drun hält, riskéiert festgeholl ze ginn.

Den Nawalny war virun zwou Wochen am Prisong gestuerwen. D‘Ëmstänn vu sengem Doud sinn net gekläert.

Säin Team reprochéiert de russeschen Autoritéiten d‘Begriefnis ze schikanéieren. Esou wier et zum Beispill net gelongen, en Doudewon ze organiséieren, deen dem Nawalny seng Läich an d‘Kierch kéint féieren.