Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Robert Schumann (arr. Meininger Trio) - Albumblätter, Op. 124, Nr.16 Schlummerlied - Meininger Trio

play_arrow Live
opus

/ All Zesummen

KLASSIK AKTUELL

All Zesummen

En inklusiven a partizipative Concert op deem all Mënsch ka matmaachen. Sou feiert d'Fondatioun EME de 15. Gebuertsdag op der Kinnekswiss.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

© Morgane Weidig play_arrow
Sarah Bergdoll, Coordinatrice générale Fondation EME

D'Fondation EME ('Entendre pour mieux s'écouter') organiséiert reegelméisseg Concerten mat, a vir Leit, déi aus deene verschiddenste Grënn net Deel vum gesellschaftleche Liewen kënne sinn. Fir de 15.Jubiläum ze feieren, huet d’Fondatioun elo e grousse Familljeconcert op der Kinnekswiss organiséiert, deen de Samsden (06.07.) de Moien um 11 Auer statt fënnt, ënner dem Numm All Together. Et ass e Concert fir d’Inklusioun op deem all Mensch ka matmaachen, och d’Leit am Public. Wéieng Musek a wéieng Lidder ee raussicht fir méiglechst all Mensch kënnen ze integréieren, ënner anerem dat huet d’Coordinatrice Sarah Bergdoll dem Christophe Mirkes am Interview verroden. Fest steet op jidde Fall lo schon, et ass dee gréisste Projet, deen d’Fondation EME bis ewell organiséiert huet.

Lauschterenplay_arrow