„All Together“ – esou heescht en neie Projet, mat deem d’Fondation EME hire 15. Jubiläum feiert. Wéi ëmmer ass et e musikalesche Projet, bei deem jidderee matmaache kann. Hei wäerten inklusiv Chéier reegelméisseg op néng verschiddene Plazen am Land sangen, an den Ofschlossconcert ass de 6. Juli op der Kinnekswiss an der Stad. Umelle kann een sech um Site vun der Fondation EME. D’Marie Schockmel huet sech mat der Sarah Bergdoll, der Coordinatrice générale vun der Fondation EME, ënnerhalen.