Mol modern, mol klassesch. Ganz douce oder mat gewoter Rhythmik, Harmonie an Akkorden.
D'Solistes Européens, Luxembourg huelen eis mat an d'Kläng vu Komponiste wéi Bach, Beethoven, Wagner, Prokofiev oder Bernstein a loossen d'Blechblosinstrumenter kléngen.
Hutt dir schonn eemol "Danse des chevaliers" vum Sergeï Prokofiev oder "Freude schöner Götterfunken" vum Ludwig van Beethoven fir Brass-Quintett héieren? Nee?!
Dann huelt Platz am Opus 100,7 Concertssall a lauschtert de Concert aus dem Kammermusekssall vun der Philharmonie, mam Commentaire vum Lex Kauffmann.
Programm:
- Richard Wagner(1813-1883) : "Freudig begrüßen wir", Tannhäuser
- Ludwig van Beethoven (1770-1827) : Freude schöner Götterfunken
- Johann Sebastian Bach (1685-1750) : Wie will ich mich freuen"
- André Lafosse (1890-1975) : Suite impromptu
- Sergueï Prokofiev (1891-1953) : Danse des chevaliers
- Leonard Bernstein (1918-1990) : Dance Suite
Dancisca - Waltz - Bi-Tango - Two-Step - MTV - Jan Koetsier (1911-2006) : Brass-Quintet op.65
Andante con moto - Andantino - Molto Viva
Interpreten:
Jan Vobořil, Cor
Martin Pavlus, Trompett
Marek Vajo, Trompett
Aaron Aussenhofer-Stilz, Trombon
Joel Zimmermann, Tuba