Den OGBL schätzt vun engem historeschen Accord. Fir d‘éischte Kéier wieren d‘Rechter vu Salariéen am Coiffures-Secteur festgeluecht ginn.
Vun Droit à la déconnexion iwwer zousätzleche Congé
De Kollektivvertrag gëtt de Betraffenen ënner anerem sechs zousätzlech Deeg Congé, wa se méi wéi fënnef Joer am Betrib schaffen. Da gëtt et och ee sougenannte soziale Congé. Deemno kënnen d'Salariéë sech bis zu 16 Stonnen am Joer fir Dokterrendez-vousen oder soss Urgencë fräihuelen.
Weider gouf och den Droit à la déconnexion am Kollektivvertrag festgehalen. Deemno mussen d'Salariéë baussent hirer Aarbechtszäit net erreechbar sinn.
Dësen Accord wier d'Resultat vun engem konstruktiven Dialog, esou deen OGBL an hirem Schreiwes.