En Challenge
Leit am Publikum, déi ausflippen, voll Säll trotz iwwerdeierten Ticketen an e risegen Tam-tam wann hie Stied besicht huet: Esou Geschichten iwwer de Franz Liszt ginn et der vill. Grond war seng legendär Virtuositéit um Piano. An der Héichzäit vu senger Virtuositéit war de Museker och zu Lëtzebuerg. Déi zweete Kéier, datt hien am Land war, war kuerz viru sengem Dout. Béid Kéiere souz hien um Piano an de Programm vu béiden Optrëtter steet am éischte Concert aus der Serie Camerata vun de Solistes Européens, Luxembourg op der Affiche. E Méindeg, 2. Oktober stellt sech nämlech de Jean Muller dësem Challenge.
Méi zum Thema
De Franz Liszt ass 1845 déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgetrueden, en Evenement, dat keng grouss Tracen hannerlooss huet, dat Jore méi spéit awer vum Guy May opgegraff gouf. Am Kader vun zwou Konferenzen beim Festival Liszt+ am CAPE huet den Historiker am Januar 2023 iwwer den Thema Franz Liszt a Lëtzebuerg geschwat. Lauschtert de passenden Interview aus dem 100,7-Archiv (26.01.2023).