Bis Enn Oktober elo géifen awer 20 weider Etagebetter an d‘Zelle kommen, esou datt dann an Duebelzellen dräi Leit kënne schlofen. Domat klëmmt d‘Kapazitéit vum Untersuchungsprisong vu 417 op 437.
Prisonéier bleiwen an der Moyenne 3,6 Méint an Untersuchungshaft. Déi nennt d'Justizministesch an enger vun hiren Äntwerten.
Pro Dag géife bis zu 10 Entréeën a bis zu 13 Sortië vermierkt ginn, esou d'Ministesch an hirer Äntwert.
Méi Prisonéier als Grond fir d'Iwwerbelaaschtung
De Grond fir d‘Iwwerpopulatioun um Uerschterhaff ass laut der Ministesch net, well d‘Prisonéier méi laang do bleiwen, mee well d‘Prisongspopulatioun zouhëlt.
Bis elo wieren dëst Joer scho méi Leit op den Uerschterhaff komm wéi dat ganzt Joer 2024. Bis Enn dës Joers géif een dovun ausgoen, datt iwwer 1.230 Leit an Untersuchungshaft kommen. D‘lescht Joer waren et der 985.
Et soll och weidert Personal agestallt ginn. Aktuell wieren 38 Agente-Posten ausgeschriwwen. Tëschent Abrëll a September wieren an der Moyenne 304 Iwwerstonne pro Mount gemaach ginn, esou nach d‘Justizministesch.