D'Attack war an enger Schoul am Süde vun der Tierkei. Den Täter wier mat de Waffen, déi warscheinlech sengem Papp gehéieren, am Rucksak an d'Schoul komm, esou de Gouverneur. Eng Enquête leeft.
Eréischt gëschter ware bei engem Amoklaf am Lycée am Oste vum Land 16 Mënsche blesséiert ginn. Den 19 Joer alen Täter huet sech no der Dot selwer erschoss.