158. Gebuertsdag

Amy Beach

D'Amy Beach ass déi éischt Fra an den USA, déi eng Sinfonie komponéiert. Vu Klengem un ass si ee Wonnerkand.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

Amy Beach | © Av George Grantham Bain Collection Library of Congress Prints and Photographs division play_arrow
Amy Beach (Foto: Av George Grantham Bain Collection Library of Congress Prints and Photographs division)

D'Amy Beach ass déi éischt US-amerikanesch Fra, déi eng Sinfonie komponéiert. Um Enn vum 19. Joerhonnert war deen Domaine männlech gepräägt. D'Komponistin ass zu Boston opgewuess, a war schonn als klengt Meedchen ee richteg Wonnerkand. Net nëmmen um Piano an an der Musek, mee och allgemeng. Mat nëmmen dräi Joer huet si entscheet, liesen ze léieren. 

Hir Wierker ginn deemools international opgefouert a grouss gefeiert. Ufanks huet si hir Wierker nach ënnert dem Numm vun hirem Mann publizéiert. No a no huet si awer hiren eegenen Numm benotzt. 

D'Maria Gutierrez verréit méi. 

Lauschterenplay_arrow