Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johann Sebastian Bach - Sonata fir Blockflütt a Luth, BWV 1035, II. Allegro - Dorothee Oberlinger (Blockflütt), Edin Karamazov (Luth)

play_arrow Live
opus

/ An der DP ass ee sech eens: Gewerkschafte mussen hir exklusiv Roll behalen

Kollektivvertragsverhandlungen

An der DP ass ee sech eens: Gewerkschafte mussen hir exklusiv Roll behalen

Fir d’DP mussen d‘Gewerkschaften hir exklusiv Roll bei Kollektivvertragsverhandlunge behalen. Dat sot d‘DP Generalsekretärin Carole Hartmann am 100,7 Interview. Si huet sech domat hannert d‘Ausso vum DP Minister Lex Delles gestallt.

auto_stories

3 min

Foto: radio 100,7

De Lex Delles hat gëschter um Donneschdeg op enger Pressekonferenz och gesot, d‘Gewerkschafte missten d‘Exklusivitéit bei de Verhandlunge fir Kollektivverträg behalen.

"Als DP ass eis Meenung ganz kloer, datt d'Gewerkschafte mussen d'exklusiivt Recht hunn, fir Kollektivverträg auszehandelen. Dat muss bleiwen."

D'DP steet zu hirer Positioun

Eng Ännerung op deem Punkt wier am Koalitiounsaccord och net virgesinn, huet d‘Carole Hartmann am 100,7-Interview betount.

"Mir stinn dozou, datt déi gesetzlech Basis, déi et haut gëtt an déi de Gewerkschaften d'Exklusivitéit gëtt, fir Kollektivverträg ze verhandelen, och weiderhin eis Positioun ass. An déi huet och net geännert, säit mir an enger neier Koalitioun sinn."

Wann een de Koalitiounsaccord ëmsetze wéilt, wier et wichteg, datt beim Stëmme vu Gesetzer déi souwuel d'Patronat, wéi och d'Gewerkschafte betreffen, déi Sozialpartner och consultéiert ginn. Bei deene Consultatioune missten da Kompromësser fonnt ginn, "souwéi dat ëmmer zu Lëtzebuerg war, wat och de soziale Fridden zu Lëtzebuerg ausgemaach huet", betount d'Presidentin vun der parlamentarescher Wirtschaftskommissioun a Vizepresidentin vun der parlamentarescher Aarbechtskommissioun.

Eventuell Spannungen?

Bei der CSV hat den Aarbechtsminister Georges Mischo d‘Exklusivitéit vun de Gewerkschafte bei Kollektivvertragsverhandlungen a Fro gestallt. Dat huet zu weidere Spannungen tëscht de Gewerkschaften an der Regierung gefouert.

Bannent där Regierung hätt d'DP hir Positioun schonn "e puer Mol däitlech gesot", esou d'Carole Hartmann. Zu eventuelle Spannungen tëschent béide Regierungsparteie sot si awer: 

"Wann et do een Dissens gëtt bei eisem Koalitiounspartner, da géif ech suggeréieren, datt Dir och de Koalitiounspartner selwer géift dorobber uschwätzen."

Lauschterenplay_arrow

Nora Back: Mir brauchen dat Schwaarz op Wäiss

D’OGBL-Presidentin Nora Back weist sech virsiichteg optimistesch, datt d’DP sech zum exklusiv Recht fir d’Gewerkschafte bei de Kollektivvertragsverhandlungen ausgeschwat huet. Mee dat géif awer net duergoen: Et bréicht een et Schwaarz op Wäiss. Dat seet d’OGBL-Presidentin Nora Back am 100,7-Interview.

D’Kollektivverträg selwer dierften net verwässert ginn, sou d’Nora Back. Fir den OGBL ginn et Punkten, déi net dierfen aus de Kollektivverträg erausgeholl ginn.

"Eigentlech alles dat, wat haut dran ass, dat heescht d'Aarbechts- an d'Lounbedéngunge vun de Leit, also d'Paien, d'Primmen awer och, den 13. Mount."

Och d'Aarbechtszäite misste weider iwwer de Kollektivvertrag gereegelt ginn. Soss géing d'Gefor bestoen, datt eenzel Salariéen oder eenzel Delegéierter "net dat néidegt Kräfteverhältnis an déi néideg Onofhängegkeet vis-à-vis vun hirem Patron" hätten, betount d'Nora Back, fir e gudden Aarbechtszäitmodell ze verhandelen.

Lauschterenplay_arrow