Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht

Klassik Aktuell

Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht

"An der Schwemm" ass den eenzegen Musekstheater, deen d'Lëtzebuerger Komponistin Lou Koster komponéiert huet. Iwwer 100 Joer no senger Uropféierung gëtt d'Stéck an enger adaptéierter Versioun nees gespillt.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow
OCL © Patrick Galbats

"An der Schwemm" huet d'Lou Koster an de 1920er Jore komponéiert, mat engem Libretto vum Batty Weber. Elo gëtt an enger Coproduktioun tëschent dem CAPE, dem Escher Theater, dem Festival de Wiltz, dem INECC an MASKéNADA, zësumme mam OCL eng adaptéiert Versioun vum Musekstheater opgefouert. De Jonathan Kaell huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wat d'Musek vun der Lou Koster esou besonnesch mécht a firwat d'Stéck haut nach relevant bleift.

Lauschterenplay_arrow

D'Marie Trussart war de 4. Februar d'Stéck an de CAPE kucken an huet dem Marie Schockmel vu sengen Andréck erzielt. D'Stéck kann een de 29. Juni am Kader vum Festival de Wiltz kucke goen.

Lauschterenplay_arrow