Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

SOT EMOL

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Wien huet net schonn op d’mannst eemol a sengem Liewen dru geduecht, eng Rees ronderëm d’Welt ze maachen, also e richtege Globetrotter ze ginn. Mee meeschtens bleift et beim Dram, engem onerfëllten Dram. Mee et gi Mënschen, déi sech deen Dram erfëllen, a si huelen hiert Gléck, hir Visioun, hiren Dram selwer an d’Hand a maachen doraus eng Realitéit.

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow
Foto: Jean Claude Majerus

D’Anabela an de Jorge Valente sinn elo scho ronn 10 Joer mat hirem Motorrad ronderëm d’Welt ënnerwee, a se wäerten eng 130.000 Kilometer schonn hannert sech bruecht hunn. An eent ass kloer, d’Loscht um Reesen ass nach ëmmer do, an d’Loscht um Reese verbënnt dës zwee Mënschen an och eng gemeinsam Léift.

Wat dem Anabela an dem Jorge awer wärend hire Reese méi a méi bewosst ginn ass, war d’Feststellung, wéi gutt et de Mënschen awer an Europa geet an datt dat keng Selbstverständlechkeet ass.

"Mir si ganz iwwerzeegten Europäer, well mer de Projet Europa wierklech extrem wichteg fannen. An de Fridden dee mer an Europa hunn, säit esou vill Joren, OK, elo grad net un de Grenze vun Europa. Awer dee Fridden an dee Wuelstand an déi Fräiheet déi mer an Europa hunn."

D’Anabela an de Jorge mierken dacks a Länner wou se ënnerwee sinn, wat Fräiheet ass a wéi wichteg et ass, sech ëmmer nees op déi Fräiheet ze besënnen.

"Well wann ee se net huet, da mierkt ee wierklech wat Fräiheet ass."

Hir Reesen erweideren den Horizont

An deem Kontext sinn d’Anabela an de Jorge och houfreg a frou an Europa an hei zu Lëtzebuerg ze liewen an opgewuess ze sinn.

"An dat ass e Message, dee mer ganz oft ville Leit gäre wëlle ginn a soen, well dobaussen ass et schéin, et ass ganz schéin, mee net iwwerall ass een esou fräi wéi hei."

E Magasinn fir hir Reesen ze begleeden

Fir elo d’Impressioune vun hire Reese fest ze halen an och fir all Mënsch deel huelen ze loossen, hunn d’Anabela an de Jorge eng Editioun gegrënnt, e Reesmagasinn mam Numm "diariesof". 

An dozou kënnt, datt de Jorge selwer fotograféiert an och Grafiker ass an d’Anabela Engleschproff an Iwwersetzerin ass.

"De Projet Magasinn huet lues a lues un Ampleur gewonnen, mir maachen och Multimedia-Presentatiounen, dat hu mer virum Covid ugefaangen. An do hu mer ganz positive Feedback vun de Leit, datt och eng Aart a Weis, datt eis Lieser eis kenne léieren a mir och déi Länner déi mer bereesen nach méi no un d’Leit bréngen an deem mer déi Geschichten “en live” erzielen, dat ass eng ganz intressant an dynamesch Aart a Weis."

Eng intensiv Internetpresenz

De Reesmagasinn "diariesof" kënnt aktuell zwee Mol d’Joer eraus, mä dernieft kann d’Anabela an de Jorge awer och iwwert hiren Internetsite diariesof.lu suivéieren.

"On voit tous les magazines que nous avons déjà imprimés. On peut aussi les acheter en ligne, on les envoie gratuitement au Luxembourg. Et il y a aussi d’autres articles qui sont intéressants parce qu’on fait pas des magazines sur tous les pays qu’on a voyagé."

Aktuell sinn d’Anabela an de Jorge mat hirem Motorrad an hirem Zelt an Indonesien ënnerwee.

Lauschterenplay_arrow