An der Lëtzebuerger Musekszeen huet sech déi lescht Woch eppes gedoen: Mat 'Luxembourg Classics' gouf nämlech en neie Label gegrënnt, deen et sech zur Missioun mécht, Artisten aus Lëtzebuerg ze hëllefen eng Karriär opzebauen. D’Annonce dovu war leschte Freideg un déi éischt Release gekoppelt: Bach - Clavierübung Part 1, vum Pianist Tingshuo Yang. Um Programm stinn déi sechs Partiten BWV 825 bis 830 vum Johann Sebastian Bach. Dës Sortie ass den neie Klassik-Album vun der Woch a Resonanzen. D'Marie Trussart schwätzt doriwwer mam Luc Boentges.
Luc, du hues an dësen Album era gelauschtert – Wat huet dech dozou beweegt, en zum Klassik-Album vun der Woch ze maachen?
Vläicht fänke mir dofir mat deem éischten un, wat een héiert, wann een dem Tingshuo Yang säin Album opleet: d'Prélude aus dem Johann Sebastian Bach senger éischter Partita a Si bémol Majeur. Ech fannen nämlech, datt déi éischt Sekonnen hei scho vill aussoen. De Piano héiert sech no a brillant un. An deem Klang gëtt den Tingshuo Yang gerecht, andeems hien immens transparent spillt. D’Noute gi just esou laang ausgehalen, wéi nëmmen néideg. An awer si se net getrennt, mä se ginn esou vun enger an déi aner iwwer, datt en homogene Klang entsteet.
Hie maîtriséiert also de Klang, wéi ass seng musikalesch Approche?
Ugepasst un d’Besoinen, respektiv de Charakter vun deenen eenzelne Sätz, kann ee soen. D’Prélude aus der éischter Partita war tendenziell éischter intim, méi introvertéiert, allerdéngs net zu honnert Prozent. Et gëtt hei nämlech eng Ouverture no baussen, déi e méi extrovertéiert Spill zouléisst. Esou wéi zum Beispill am drëtte Saz vun dëser Partita, der Courante. Do ass de Pianist méi perskussiv a rhythmesch accentuéiert ënnerwee. A wat beim Lauschtere vum Album däitlech gëtt, ass datt den Tingshuo Yang déi polyphon Strukture vum Bach – also déi Passagen an deneen e puer Melodie gläichzäiteg ze héiere sinn - notzt fir d’Ouer ze leeden. Mol accentuéiert hien déi eng Melodie méi, mol déi aner, esou datt ee wärend Lauschteren déi verschidde Schichten entdecke kann.
Du schwätz vun engem transparente Klang, dovun datt hien déi verschidde Schichten däitlech ervir bréngt – Kann een also vläicht éischter vun enger analytescher Approche schwätzen, wéi vun enger emotionaler?
Ech denken dat kann ee grondsätzlech esou soen. An dat gëllt och iwwer déi ganz Streck vun enger Partita. D’Dramaturgie erreecht den Tingshuo Yang nämlech iwwer d’Struktur, déi kloer duerchduecht ass. D’Musek kléngt gläichzäiteg immens kontrolléiert. Risiken schéngt den Tingshuo Yang éischter aus dem Wee ze goen. Dës Wierkung ass allerdéngs schonn e bëssen erstaunlech, wann ee kuckt wéi eng Tempi hien deelweis uschléit, ouni datt d’Präzisioun dorënner géif leiden.
Mä wéi sou dacks, trëfft net just eppes zou...
Genee, an de luese Sätz beweist den Tingshuo Yang, datt hien och dat méi flächegt beherrscht an a luese Sätz eng Stëmmung opbaue kann - och wann d’Musek hei vläicht manner schwieft, wéi een dat vun anere Pianiste kennt. Dofir besteet awer eng grouss Kohärenz innerhalb vun de Partiten an och iwwer dee ganzen Album.