Dank hirem Papp huet d’Angel Blue ugefaangen, ze sangen. An hien huet si och duerno inspiréiert, Operesängerin ze ginn. Mat nëmme 24 Joer hat si hiren Debut an der Oper „Porgy and Bess“ vum George Gershwin. An zanterhier ass hier d’Karriär nëmme biergop gaangen. No enger Rei Optrëtter an de gréissten Operenhaiser weltwäit, krut si 2020 dann och als éischt Afro-amerikanerin de Beverly Sills Award an der Metropolitan Opera zu New York. D’Maria Gutierrez verréit eis méi iwwert d’Angel Blue.