184. Gebuertsdag

Antonín Dvořák

Den tschechesche Komponist beaflosst d’klassesch Musek an den USA, ënnert anerem mat senger 9. Sinfonie “Aus der Neier Welt”.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

Komponist | © “Picture alliance” play_arrow
Antonín Dvořák (Foto: “Picture alliance”)

Datt ausgerechent en europäesche Komponist der klassescher Musek aus Amerika eng nei Identitéit soll ginn, ass bal e bësse paradox, an dach ass genee dat dem Dvořák gelongen. Den tschechesche Komponist ass an einfache Verhältnisser opgewuess a sollt eigentlech Metzler ginn, mee seng Léift fir Musek huet sech scho fréi gewisen. Sou fänkt hie schonn a jonkem Alter u mat komponéieren. Säin Duerchbroch koum allerdéngs réischt méi spéit, an dat duerch keen anere wéi de Johannes Brahms, deen him ënner d’Äerm gegraff huet. Sou gouf hien no ville Joren haarder Aarbecht endlech a ganz Europa bekannt.

Duerno féiert säi Wee hien an d’USA, an zwar duerch eng Offer fir Direkter vum NewYorker Conservatoire ze ginn. Do kritt hien d’Missioun, der amerikanescher klassescher Musek eng nei Identitéit ze ginn. Firwat ausgerechent en Europäer dës Aufgab kritt? Dat läit um Dvořák senger Verbindung zu der folkloristescher Musek. Fir der amerikanescher Musek eng eege Stëmm ze ginn, wëll den tschechesche Komponist zréck op hir Wuerzele gräifen, a stéisst dobäi op afroamerikanesch Spirituals.

Dës Aflëss huet hie virun allem a senger 9. Sinfonie “Aus der Neier Welt” mat abruecht. Et zielt zu engem vu senge bekanntste Wierker, an ass e wichtege Bäitrag zu der amerikanescher Museksgeschicht. Besonnesch den zweete Saz, de Largo, erënnert mat senger melancholescher Melodie un ee Spiritual. An domat hat hie weltwäit Erfolleg.

Mat sengem Bléck vu baussen an duerch seng Léift fir folkloristesch Melodien, huet den Dvořák der Musek aus den USA net just nei Dieren opgemaach, mee och e Fundament forméiert, op deem d’Amerikaner weider opbaue konnten.

Méi dozou verréit d’Cindy Reuter.

Lauschterenplay_arrow