Déi betraffe Produits-Gruppe solle geschwënn nees zousätzlech taxéiert ginn, sot den Handelsminister Howard Lutnick an engem Interview mat ABC News. Hie gouf keng Detailer, ob dann zum Beispill d'Smartphonë vun Apple awer betraff wieren. E groussen Deel vun den iPhonen an aneren Apple Apparater ginn a China produzéiert.
D'Wäisst Haus huet Smartphonen a Computere vun der Importtax vun 145 Prozent fir China ausgeschloss.
Et wier nach kee Land iwwer de Bierg, a besonnesch net China. Dat sot den Donald Trump rezent am Bezuch op déi amerikanesch Douanestaxen. Op sengem soziale Reseau hat den Donald Trump iwwerdeems och schonn ugedeit, datt déi Ausnam eventuell nëmme fir eng kuerz Zäit gëlle kéint.
China huet den Donald Trump opgeruff, seng Tax-Offensiv komplett falenzeloossen. De chineesesche President Xi Jinping ass haut um Méindeg am Vietnam. Déi éischt Statioun vun enger Tournée a südostasiatesche Länner.