Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Apple muss Steieren am Wäert vun 13 Milliarden Euro un Irland nobezuelen

EuGH-Urteel

Apple muss Steieren am Wäert vun 13 Milliarden Euro un Irland nobezuelen

Apple muss 13 Milliarden Euro Steieren un Irland nobezuelen. Dat huet den europäesche Geriichtshaff an engem Urteel decidéiert, dat de Moien annoncéiert gouf.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

D‘Geriicht gëtt domat der EU Kommissioun Recht: D‘Kommissioun hat d‘Nobezuele vu Steiere gefuerdert, well Apple duerch sougenannten Tax Rulingen eng illegal Hëllef vum iresche Staat accordéiert kritt hätt. Den europäesche Geriichtshaff annuléiert domat eng Decisioun aus éischter Instanz vum EU Tribunal. Dat Geriicht hat 2020 nach gesot, déi iresch Tax Rulinge fir Apple wiere legal gewierscht.

Den europäesche Geriichtshaff huet de Moien och eng Strof vu ronn 2,4 Milliarden Euro géint Google decidéiert. Dat well Google seng Dominanz bei senger Sichmaschinn am Beräich vum Online Shopping ausgenotzt huet.