Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier zanter 2011 fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeholl, déi duerch 12 Haut-parleuren am Tunnel ofgespillt gëtt. De Lex Kauffmann, d’Marie Trussart, d’Kerstin Thalau an de Joe Birchen sinn duerch den Tunnel gaangen an hunn Andréck gesammelt. No der Féierung huet sech d’Marie Trussart mam António Mendes, Chef vum départements public vum Mudam, ënner anerem iwwer d’Konzept vun der Installatioun ënnerhalen.
Klassik Aktuell
Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt
Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel opgemaach. Do kann een net nëmmen an d'Ënnerwelt vun der Stad andauchen, mee och an eng Soundinstallatioun vun der Susan Philipsz.
auto_stories
1 min
headphones9 min