Vëlolocatioun

Ass de vel'OH-System Affer vu sengem eegenen Erfolleg ginn?

Den aktuelle vel’OH-System vun der Stad Lëtzebuerg leeft 2028 aus. Da gëtt eng nei Ausschreiwung gemaach an d’Vëlosflott gëtt moderniséiert. Aktuell ass d’Firma JCDecaux den zoustännege Prestataire.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Vel'OH Statioun bei der Coque | © 100,7 play_arrow
Vel'OH Statioun bei der Coque (Foto: 100,7)

Beim nächsten Appel d’Offres géif de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt dovunner ausgoen "eppes Besseres ze kréien, wéi dat, wat virun 10 Joer um Marché war", sot den DP-Politiker am Summer vis-a-vis vum Tageblatt.

Déi iwwer 1.000 Vëloe vum Locatiouns-System vel’OH sinn op 100 Statioune verdeelt. Déi meescht Statioune sinn an der Stad Lëtzebuerg. Och an e puer Randgemengen, beispillsweis Hesper oder Stroossen, kann een e vel’OH léinen, respektiv ofstellen.

Statiounen um Kierchbierg | © vel'OH app
Statiounen um Kierchbierg (Foto: vel'OH app )

Net all Demande ka beäntwert ginn

An der App gesäit een, wéi vill Vëloen op enger Statioun disponibel sinn a och wéi vill Batterie se hunn. Opfälleg ass, datt op verschidde Statioune guer kee Vëlo steet, op anere Plaze stinn der dofir bal 20.

Datt zu all Zäit op all Statioun e Vëlo disponibel ass, kéint de Prestataire net garantéieren, seet hire Generaldirekter adjoint Jérôme Blanchevoye. 

"Plus flagrante, c'est certainement la station qui se trouve à la gare centrale, qui va rapidement saturer en soirée et rapidement se vider le matin. Là, on essaie évidemment d'avoir une équipe sur place pour essayer de réguler au maximum, mais on peut pas toujours répondre à la demande."

Generell géifen d‘Vëloen owes, respektiv an de fréie Moiesstonne vun hire Mataarbechter mat Camionnetten agesammelt a rëm uechtert d’Stad verdeelt ginn.

"Notre engagement, c'est qu'une des trois stations autour de cette station puisse offrir le service soit une place, soit un vélo."

Statiounen um Kierchbierg | © vel'OH app
Statiounen um Kierchbierg (Foto: vel'OH app )

Affer vum eegenen Erfolleg

An der App gesäit een och, wéi gutt d’Vëloe vun aneren Notzer:inne bewäert gi sinn. Wann eppes futti ass, soll een dat bei JCDecaux mellen, fir datt de Vëlo ka gefléckt ginn, esou de Jérôme Blanchevoye. Wéi vill Reparaturen si insgesamt duerchféiere wollt hien net soen. 

"On ne communique pas de statistiques, mais l'idée c'est qu'un vélo passe au moins une fois par trimestre en atelier, qu'il soit révisé, que ça soit les freins, l'assistance électrique, bien évidemment."

D’Points-d’attachë wieren awer den heefegste Grond, firwat d’Leit am Call-Zenter vu JCDecaux uruffen, erkläert de Jérôme Blanchevoye. Fir de Paul Hoffmann, Direkter vun der Mobilitéits-Direktioun vun der Stad Lëtzebuerg, wier de Locatiounssystem Affer vu sengem eegene Succès ginn.

10 Mol méi Locatioune wéi virun 10 Joer

De Prestataire hat 2018 fir d'zweet ee Kontrakt vun 10 Joer mat der Stad Lëtzebuerg ënnerschriwwen. D’Zuel vun de Locatioune wier zënterhier staark an d’Luucht gaangen, seet de Paul Hoffmann.

"Dat ass ee vun de Punkten, wat fir de Prestataire d'Schwieregkeet duergestallt huet, datt hie vun Eckdaten ausgaangen ass, wéi e se kannt huet, fir déi zéng Joer virdrun, déi awer duerch d'Elektromobilitéit a ganz aner Dimensioun eragaange sinn."

D'Zuel vu Locatiounen hätt sech verzéngfacht. 

"D'Clientë sinn extreem an d'Luucht gaangen. Dat heescht, d'Utilisatioun vun de Vëloen ass och méi staark, wat hie villäicht a sengen Iwwerleeungen hat."

Ze héich Temperaturen an de System streikt

Mat der Elektromobilitéit hat de Prestataire dëse Summer awer seng Problemer. Wie wärend der Canicule gehofft hat bei den héijen Temperature vun der elektronescher Ënnerstëtzung vun de vel’OHen ze profitéieren, ass eventuell enttäuscht ginn.

Wéinst den héijen Temperaturen huet de System nämlech gestreikt.

"On a eu un petit problème avec la chaleur, un petit problème de surchauffe d'une carte qui, par sécurité, coupait l'assistance électrique. Ça pouvait donner pour les usagers une sensation assez désagréable d'avoir l'assistance qui se coupait pendant un trajet. C'est un problème aujourd'hui que nous avons pu résoudre."

"Et ginn ëmmer Saachen, déi ee verbessere muss"

2028 leeft de Kontrakt tëschent der Stad Lëtzebuerg an dem aktuelle Prestataire aus. Op d’Fro, wéi zefridden d’Stad Lëtzebuerg mat der aktueller Offer ass, sot de Paul Hoffmann, datt een am grousse Ganze mam Servie zefridde gewiescht wier. 

"Et ginn ëmmer Saachen, déi ee verbessere muss an ee verbessere soll. Dofir si mir och am permanenten Austausch mam Prestataire."

Wichteg wier, datt d’Vëloen a punkto Technik evoluéieren, mengt nach de Paul Hoffmann. Déi aktuell vel’OH hunn ëmmerhi schonn aacht Joer um Bockel an d'Technik domat och.

Wien den Appell d’offres 2028 kritt an deemno déi nei Flott u Vëloen hei am Land stellt, wäert sech an zwee Joer weisen.

Vel'OH Statioun bei der Philharmonie | © 100,7
Vel'OH Statioun bei der Philharmonie (Foto: 100,7)

Lauschterenplay_arrow