Kulturentwécklungsplang 2018-2028

Assises Culturelles 2025

All zweet Joer organiséiert de Kulturministère seng Assises culturelles. Dës Editioun war am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck an hat als zentraalt Theema den Zougank zur Kultur.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère all zweet Joer seng Assises culturelles. D'Editioun 2025 war am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck. Mat dobäi ware Professioneller aus dem Kulturmilieu awer och Kënschtlerinnen a Kënschtler aus allen Disziplinnen, Institutiounen, Gemengen, Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen a Fräiwëlleger, déi sech iwwer d'Kultur hei am Land wëllen austauschen. Dëse Kulturaustausch huet gewisen, wéi eng Erausfuerderungen d'Kultur zu Lëtzebuerg nach virun sech huet. D'Marie Trussart huet sech d'Etüde iwwer d'Kulturgewunneschten hei am Land méi genee ugekuckt, esou wéi d'Mesure vum Ministère, fir d'Barrièren an der Kultur ze iwwerwannen.

Lauschterenplay_arrow